Samedi12Juin 202716:00

Kichegerabbels

Kinneksbond, Centre Culturel Mamer - Grande Salle (Mamer)

Afficher le plan

Eng musikalesch Erzielung mat Kammermusek a Bräiläffel fir Kanner tëschent 6 an 10 Joer.

Nu kuck, an op eemol ass d’Kichegeschier lieweg ginn!

Tëscht gefëllte Croissanten a geblimmelten Téitase schwieft e klengt Zockerdëppchen duerch eng fantastesch Welt: Nëssknacker, déi danzen, Jellis-Téikäpp, déi am Däischtere liichten … et dämpt an dréint a rabbelt a réiert. An dann ass do nach deen tockskäppegen Deckel, deen net esou richteg bei säin Dëppche wëllt passen …

Kichegerabbels verbënnt d’Wierk La Revue de Cuisine vum Bohuslav Martinů mat Objetstheater an Erzielung a weist op spilleresch a visuell Aart a Weis, wéi d’Kiche kann zur Bün ginn. Musek, Beweegung a Sprooch fléissen aneneen an erméiglechen eis e ganz neie Bléck op Géigestänn, déi mir all Dag benotzen ouni all ze vill iwwert se nozedenken.

– Fir dëse Spektakel fir jiddereen zougänglech ze maachen, kënnen d’Schoulvirstellungen op Ufro als „relaxed performance“ ugebuede ginn. Dëst Format schaaft e labberen an entspaante Kader, deen sech besonnesch fir Mënsche mat Handicap, neurodivergent Persounen a Leit, déi Konzentratiounsschwieregkeeten, Angscht oder chronesch Péng hunn, eegent. Fir weider Informatiounen a Froen dozou, kënnt Dir eis gäre kontaktéieren.

Sélectionnez vos tarifs

Plein tarif
15 €
0
Tarif réduit
Jeunes jusqu’à 18 ans, étudiant·e·s, demandeur·euse·s d’emploi, personnes en situation de handicap.
8 €
Jeunes jusqu’à 18 ans, étudiant·e·s, demandeur·euse·s d’emploi, personnes en situation de handicap.
0
Tarif professionnel
Intermittent·e·s du spectacle et détenteur·rice·s de la Theaterkaart.
8 €
Intermittent·e·s du spectacle et détenteur·rice·s de la Theaterkaart.
0
Tarif Kaart 60+
Détenteur·rice·s de la carte « Kaart60+ » de gero.
10,50 €
Détenteur·rice·s de la carte « Kaart60+ » de gero.
0